Fir dee klengen Honger, regional Kéiss- a Fleeschspezialitéiten (an och ganz vill a gudde Wäin). Wann dir sot dir wiert vun der Famill Schmit aus Lëtzebuerg gëtt et vläicht och nach deen een oder anere Schnäpsle fir näicht.
Wann Weekends all d' Leit aus dem Allgäu an d' Kleinwalsertal kommen fir Ski ze fueren, ass dat hei den Geheimtipp. Moies muss een fréi un sinn, well et fuere nach zwou déck Gondelen. Top Offraod Méiglechkeeten an déi scheinsten Aussiicht op d' Gipfelen aus dem Dall. Genéisst och hei ee wonnerbare Glühwäin op der Panoramaterrasse am Liegestull.
Oberstdorf ass eng flott Adress fir en bësse Shopping a Kulinarik. Ausserdem gëtt et hei d' Audiarena. Dës Schanzen kann een kucke goen an et fannen normalerweis an der Zäit wou dir do sidd och d' Sprangen vun der Vier Schanzen Tournee statt. Tickets ginn et online.
Den Heuberg ass mat villen aneren Pisten direkt am Dall ze fannen. Hei ass et also net néideg héich op de Bierg ze fueren fir flott Ski ze fueren. Fir d' Pistensauen an d' Freeridegecken ass dat hei allerdéngs vläicht en bëssen ze gemittlech.