Eis Hochzäitsparty fënnt op enger grousser Wiss an engem Zelt statt. Dësst Zelt kann de Wiederkonditiounen no ugepasst ginn.
Summerlech schick
Fir Gedrénks an Iessen ass de ganzen Owend fir eis all a Form vun engem "Walking Dinner" gesuergt.
Beim Home Belvedère sti KENG Parkplaatzen zur Verfügung. An de Stroossen ennendrënner kann eventuell geparkt ginn, dann misst een awer zu Fouss biergop bei d'Location trëppelen. Alternativ steet iech eng Navette op der Place Jean Fohrmann (beim Match) zur Verfügung, déi den Aller-Retour op de Site assuréiert.
Fir eis eng kleng Freet ze maachen an eis bei eiser Hochzäitsrees ze ënnerstëtzen, kennt dir eis eppes an eis Spuerbéchs op der Feier leen, oder eis eng Iwwerweisung op de Konto LU50 0019 9512 3619 5000 maachen.
Lynn: 691 736 507 lynn.steffen@yahoo.de Luc: 691 512 356 lucschmit@gmail.com
Fir d'Hochzäit an engem ausgeloossene Kader kënnen ze féieren, wärt de CovidCheck durchgefouert ginn. Mir soen iech schonn am viraus villmools Merci fir d'Verständnis.